D’Schoulzäit verbënnt e meeschtens mat Spaass, Spillen, Léieren, Frëndschaften, Onbeschwéiertheet, Vakanz…
Sou sollt et jiddefalls sinn.
Fir vill Kanner ass dat awer net esou. Si verbannen d’Schoul mat Onwuelsinn an Angscht a géifen am Fong am September wann d’Rentrée ass, léiwer doheem bleiwen.
Wann dat och op äert Kand zoutrëfft, da géif ech iech un d’Häerz leeën, ärem Kand ab elo Bachbléien ze ginn, fir him eng stressfräi Rentrée ze erméiglechen op déi et sech freet.
E Berodungsgespréich ass onkomplizéiert an dauert eng knapp Stonn. Et kann op Zoom oder an der Praxis stattfannen. Bei heikelen Themen ass et heinsto besser wann d’Gespréich an enger éischter Phase ouni d’Kand stattfënnt.
Nom Gespréich kritt dir d’Bachbléien direkt mat respektiv heem geschéckt bei engem Zoom Gespréich.
Mir kucke gemeinsam wéi d’Verhale vum Kand am Kader vun der Schoul ass, wat d’Kand doheem erzielt (oder zeréckhält), wéi et sech fillt, wat d’Léierpersonal seet a wéi dir äert Kand spiert am Zesummenhang mat der Schoul.
Dann definéiere mer gemeinsam wéi eng Bachbléien ärem Kand géife gutt doen, wat se géife bewierken.
Bachbléien hëllefen zouverlässeg, ouni Niewewierkungen, si si mat all aner Medikatioun kompatibel. Et besti keng Gefore vu falscher Doséierung. D’Viraussetzung dass se hëllefen ass, dass se korrekt an oft genuch ageholl ginn.


